IWWERT
De Marionettefestival ass en internationale Festival fir Marionettekonscht an zäitgenësseschen Objetstheater. De Programm deckt eng breet Palette u Stiler an Usätz aus dësen Disziplinnen of a bitt duerch seng thematesch Ausriichtung Spektakelen, Atelieren an e Stroosseprogramm fir d'ganz Famill un.
D'Scheieren a Garagë vu Privatleit, souwéi d'Kierch aus dem Duerf, bilden déi ongewéinlech Bühnen, op deenen d'Virféierunge stattfannen. Dëse bewosste Choix, mat de konventionelle Coden vum Theater ze briechen, verstäerkt déi geselleg an intim Atmosphär, déi charakteristesch fir de Festival ass. E ganze Weekend laang verwandelt sech dat klengt Duerf Tadler an en Theater ënner fräiem Himmel!
DE FESTIVAL
-
de Festival gëtt als Biennal zu Toodler (Gemeng Esch-Sauer) organiséiert
-
3 Deeg laang während dem Päischtweekend, vu Sonndes bis Dënschdes, fir all Publikum
-
Bal 3.000 Visiteuren am Joer 2023
-
10ten Editioun vum 8. bis den 10. Juni 2025 (éischt Editioun am Joer 2001)
Puer Zuelen
-
Pittoreskt Duerf mat ronn 100 Awunner
-
13 ongewéinlech Bühnen, op deenen d’Spektakelen opgefouert ginn
-
Am Häerz vum Naturpark Uewersauer
-
Mat der Ënnerstëtzung vun 120 Benevollen
KONTEXT

-
90 Virféierunge vu Spektakelen an Animatioune vun all Zort
-
18 national an international Compagnien a KënschtlerInnen
-
2 Deeg mat gratis participativen Atelieren a Stroossenanimatiounen
-
Spektakelen ab engem Joer
-
Méi wéi d’Hallschent vun de Spektakelen sinn ouni Sprooch
PROGRAMM


Artistesch Direktioun a Koordinatioun : Angélique D'Onghia
Technesch Leedung : Nico Tremblay
Catering vir d'KënschtlerInnen: Karin Kremer & Josefin Feider
Techniker: Elric Vanpouille, Sam Lucci
Billetterie an Internetsäit: Anna Becker, Valentina Arnò
Projetsleeder: Esch(t)kultur asbl.
TEAM
E grousse Merci
Un d’Awunner vun Tadler mat enger spezieller Ernimmung fir déi, déi eis an hire Scheieren, Garagen, Gäert, Felder, Kierch an Haus begréissen: Famill Agnes-Baustert, Famill Brandenburger, Famill Deckenbrunnen, Famill Glodé-Millmeister, Famill Hans-Schiltz, Famill Klee, Famill Krack, Famill MacDonald, Famill vun der Madame Sioffealtz, Famill vun der Mad Sioffealtz, Famill vun der Famill, Familien H Schaltz-Von Roesgen, Famill Wagner an den Här Wehles,
Un d'Veräiner vun der Gemeng Esch-sur-Sûre, déi de Catering fir d'Evenement stämmen: Chorale Ste. Cécile Heiderscheid, Jugendclub Esch-sur-Sûre, DTC Ënsber-Heischent, FC Racing Heiderscheid-Eschdorf, Heischter Musik, LGS Grupp St.Pirmin vum Séi Eschduerf, Nordwand Lëlz a Syndicat d'Initiative Esch-sur-Sûre,
Un d'Famill Schaltz-Von Roesgen, déi d'Iessen fir d'KënschtlerInnen an d'MataarbechterInnen preparéiert,
Merci un de Pit Krack fir säi Schatz un Antiquitéiten fir Kanner opzemaachen
Un d'Mataarbechter vun der Gemeng Esch-sur-Sûre an dem Naturpark Öewersauer, déi eis beim Opbau an Ofbau hëllefen,
Un MASKéNADA fir d'Initiatioun vum Festival an der Regioun,
Un d'Membere vum Comité vun der Asbl Esch(t)Kultur,
Un déi vill Fräiwëlleg, déi eis hëllefen,
An un all Partner.
